An dräi Schrëtt zur Konferenz

  1. Raum uleeën. Maacht app.conf.lu op, gitt Ären Numm an an – wann Dir wëllt – en Numm fir de Raum. Kamera a Mikro kënnt Dir virdrun an der Virschau préiwen.
  2. Link deelen. Mat „Link kopéieren“ kritt Dir de Link vun Ärem Raum. Schéckt en un all déi, déi matmaache sollen – per E-Mail, Messenger oder Kalenneraluedung.
  3. Lassleeën. Wien de Link opmécht, gëtt säin Numm an an ass derbäi. Bei Raim mat Waardesall entscheet Dir, wien erakënnt.

Et brauch keng Installatioun a kee Kont. conf.lu leeft an aktuelle Browser op Computer, Tablet a Smartphone.

Funktiounen

  • Video an Audio

    Gespréicher mat Bild oder nëmme mat Toun. Kamera a Mikro kann een scho virum Bäitrëtt an all Moment am Raum un- an ausschalten a wielen, grad ewéi den Hautparleur.

  • Bildschierm deelen

    Weist en Tab, eng Fënster oder de ganze Bildschierm – wann Dir wëllt mam Toun vum Tab, z. B. fir e Video. Är Kamera leeft weider.

  • Whiteboard

    Zesumme zeechnen a schreiwen: Stëft a sechs Faarwen, Text, Gummi, Laserpointer. D’Moderatioun kann op „nëmmen d’Moderatioun zeechent“ ëmschalten; als Bild eroflueden.

  • Chat

    Messagen un all oder privat un eng Persoun, mat Linken, op déi een klicke kann. Wann de Chat zou ass, weist en Zieler nei Messagen un.

  • Fichiere schécken

    Fichieren bis 50 MB direkt am Chat – un all oder privat. Mat Fortschrëttsbalken, Préifzomm an der Méiglechkeet, eng Iwwerdroung ofzebriechen.

  • Hand ophiewen

    Mellt Iech zu Wuert. All gesinn, wien sech an a wéi enger Reiefolleg gemellt huet; d’Moderatioun ka Hänn erëm erofhuelen.

  • Waardesall

    Gäscht waarden, bis d’Moderatioun se eraléisst oder ofleent. Wien waart, gesäit net, wien schonn am Raum ass.

  • Moderatioun

    Participanten eraloossen, ofleenen oder ewechhuelen, Hänn erofhuelen, all stomm schalten oder all Kameraen ausschalten. Mat engem Moderatiounslink kënnt Dir eng Co-Moderatioun aleeën oder op engem zweeten Apparat moderéieren. Wien éischter muss goen, mécht een befrist zur Vertriedung oder schléisst d’Konferenz fir all of.

  • Konferenz plangen

    Maacht de Link fir d’Participanten an de Moderatiounslink schonn e puer Wochen am Viraus, mat Kalennerentrag (.ics) a fäerdegem Invitatiounstext. Elo plangen

  • Numm vum Raum

    Gitt Ärem Raum en Numm, z. B. „Wochereunioun Verkaf“. En erschéngt bei allen am Raum an am Browser-Tab.

  • Véier Sproochen

    D’Uewerfläch gëtt et op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch – passend zur Sprooch vun Ärem Browser.

Wéi et funktionéiert

Bei deene meeschte Konferenzdéngschter lafen Toun a Bild iwwer d’Serveure vum Ubidder. conf.lu verbënnt d’Browser vun de Participanten amplaz direkt mateneen (Technik „WebRTC“, Peer-to-Peer).

Vermëttlung nëmmen Opbau, verschlësselt Äre Browser Browser vun deenen aneren Toun, Bild, Chat, Fichieren direkt a verschlësselt
  • Vermëttlung: Fir datt d’Browser sech fannen, tauschen se eemol iwwer eise Vermëttlungsserver hir Verbindungsdonnéeën aus. Dës Donnéeë si schonn am Browser verschlësselt; de Server gëtt se nëmme weider.
  • Direkt Verbindung: Duerno lafen Toun, Bild, Bildschiermfreigab, Chat a Fichieren direkt tëscht de Browser – verschlësselt an ouni Ëmwee iwwer e Konferenzserver.
  • Weiderleedung, wann néideg: Wann en Netz keng direkt Verbindung zouléisst (z. B. verschidden Entreprisennetzer), ginn déi verschlësselt Donnéeën iwwer e Weiderleedungsserver geschéckt. Och deen ka keng Inhalter liesen.
  • Jidderee mat jidderengem: All Browser schéckt säi Bild un all déi aner. Dat hält conf.lu schlank an onofhängeg vu grousse Rechenzentren – dofir sinn d’Raim op sechs Persoune limitéiert.

Sécherheet an Dateschutz

  • De Link ass de Schlëssel. All Raum huet en zoufällege Schlëssel vun 128 Bit, deen am Link steet. E léisst sech net eroden a gëtt ni un e Server iwwerdroen – och net un eis.
  • De Server ass blann. Nimm, Status a Verbindungsdonnéeë ginn am Browser verschlësselt, ier se de Vermëttlungsserver erreechen. E kennt weder de Link nach d’Nimm vun de Participanten.
  • Näischt gëtt gespäichert. Gespréicher, Chat a Fichiere ginn net opgeholl a net gespäichert. Nom Zoumaache vun der Säit sinn se ewech. Eng Opnamfunktioun gëtt et net.
  • Waardesall mat Schlëssel. D’Moderatioun bestätegt den Agank mat enger digitaler Ënnerschrëft, déi sech net fälsche léisst. Wien net erageloss ass, kritt keng Verbindung a gesäit net, wien am Raum ass.
  • Dir wësst, wien unklappt (fakultativ). Perséinlech Invitatiounslinken enthalen den Numm, bestätegt mam Moderatiounsschlëssel – am Waardesall steet dann „✓ perséinlech invitéiert“, an duebel benotzte Linke falen op. Op Wonsch gesäit d’Moderatioun e Virschaubild vun der Kamera, ier se een eraléisst.
  • Passwuert zousätzlech zum Link (fakultativ). De Schlëssel vum Raum entsteet dann aus Link a Passwuert. E weidergeleeten oder ofgefaangene Link eleng mécht de Raum net op.
  • Ewechhuelen wierkt direkt. Wien ewechgeholl gëtt, gëtt vun allen getrennt; de Schlëssel vum Raum gëtt dobäi erneiert.
  • Keng Reklamm, keen Tracking. conf.lu benotzt keng Analys- oder Reklammendéngschter.

Wat de Server technesch veraarbecht a wéi laang, steet an der Dateschutzerklärung.

Viraussetzungen a Grenzen

  • Browser: aktuell Versioune vu Chrome, Edge, Firefox a Safari, op Computer, Tablet a Smartphone.
  • Gréisst vum Raum: bis zu sechs Persounen zur selwechter Zäit (déi, déi waarden, mat agerechent).
  • Bildschierm deelen: an Desktop-Browser; den Toun vun engem Tab deelen am Moment Chrome an Edge.
  • Fichieren: bis 50 MB pro Fichier. Wien e Fichier schéckt, lued en fir all Persoun eemol erop.
  • Internetverbindung: Well all Browser säi Bild un all déi aner schéckt, brauch et bei ville Participante mat Kamera e séieren Upload.
  • Moderatioun: Moderéiere kann de Browser, an deem de Raum ugeluecht gouf, an all Persoun, déi de Moderatiounslink opgemaach huet. Gitt de Moderatiounslink nëmmen u Persounen weider, déi moderéiere sollen.

Elo eng Konferenz starten